Aktuelles

Léif Leit aus der Jonglënster Gemeng

Liebe Mitglieder,

Wir laden Sie herzlich ein, an der Generalversammlung mit anschließender Konferenz “Repenser nos espaces urbains pour promouvoir la santé et le bien-être” teilzunehmen, die von Dr. Camille Perchoux moderiert wird. 

Mit freundlichen Grüßen,

Lënster Biergeinitiativ a.s.b.l.

Chers membres, 

Nous vous invitions cordialement à assister à l’Assemblée Générale suivie d’une conférence “Repenser nos espaces urbains pour promouvoir la santé et le bien-être”, présentée par Dr Camille Perchoux.

Cordialement, 
Lënster Biergeinitiativ a.s.b.l.

Dear members,

We cordially invite you to attend the General Assembly followed by a conference “Repenser nos espaces urbains pour promouvoir la santé et le bien-être”, presented by Dr Camille Perchoux.

Regards,
Lënster Biergeinitiativ a.s.b.l.


Och als Biergerinitiativ kann een eppes erreechen!

https://www.wort.lu/de/lokales/junglinster-legt-umstrittenes-parkhaus-auf-eis-63b6de0ede135b9236766e9b

Mir felicitéieren dem Gemengerot zum Kaf vum ale Paschtoueschhaus mat Park.

Dat wäert eisen Duerfkär signifikant opwäerten.

D’Gemeng Jonglënster huet di eemoleg Chance, elo, en agreabelen Duerfkär ze gestalten mat engem wonnerschéinen Park, mat grousse Beem, di deen néidege Schied bidden, fir sech och am Summer nach kennen dobaussen ze begéinen an opzehalen.

Dëst gëtt d’Méiglechkeet fir de Bau vum Parkhaus Loupescht ze iwwerdenken, en neit urbanistescht Konzept mat den Usprëch aus de Biergerversammlungen fir Jonglënster ze schafen.






A Loupescht…


De 17. Oktober hate mir eng Entrevue mam Schäfferot vun der Lënster Gemeng. Mir hu verschidden Sujet’en ugeschwat.

1. Parkhaus, an der Loupescht.

Do hoffe mir, dass Decisioun nach eng Kéier iwwerduecht gëtt. E Projet gëtt et zu dësem Zäitpunkt nach net, well als éischt en Avantprojet sommaire an der Gemeng gestemmt muss gi, duerno gëtt en Budget provisoire opgestallt.

Laut dem Schäfferot, sinn folgend Grënn genannt gi fir den Parking an der Loupescht: Obligatioun fir d‘Gemeng laut dem aktuellen PAG 2018 pro 30 m2 eng Parkméiglechkeet zur Verfügung ze stellen. Des Parkméiglechkeeten sollen à proximité vun den Aarbechtsplazen sinn.

Op Nofro konnten keng Angaben zur Referenzfläch fir d‘Unzuel vun den Parkplazen weder zur genauer Definitioun vun dem Begrëff Proximité (Perimeter, Loftlinn, Zaitraum) gemaach ginn.

2. Spillplaz an der Loupescht.

Déi stéisst un hier Grenzen sou wéi Jonglënster gewuess ass a nach weider wäert wuessen. Mir hu gefrot fir eng Vergréisserung vun der Spillplaz eventuell um Site vum Rischette Haus. Des Spillplaz soll och en natierlechen Schied kréien, duerch Beem, di genuch Buedem hu fir kennen ze wuessen.

De Schäfferot huet proposéiert ze klären fir Spillplaz hannert dem Cycle 1 an 2 no de Schoulstonnen, Samsdes a Sonndes, an, an de Vakanzen fir den Public op ze man.

3. De Schoulwee fir d’Kanner, deen wéinst dem Chantier vun der Maison Relais iwwert d’Spillplaz geet ass net optimal, fir net ze soen onméiglech ze benotzen fir Rollator, Rollstull oder Poussette. Vue que dass de Chantier vun der Maison Relais iwwert eng länger Zäit (Juli 2024) geet, hu mir no engem vernënftege provisoresche Wee gefrot.

Den Schäfferot huet sech bereet erkläert dat séier mam Service Technique vun der Gemeng ze kucken an no enger Léisung ze sichen.

4. Op d’Spillplaz gehéiert onbedéngt eng Toilette.

Am Moment geséit déi nämlech sou aus.

Dëst ass en Uleies wat scho laang gefuerdert gouf an lo endlech soll realiséiert ginn.

Den Schäfferot huet ons informéiert dat en Toilettenhaischen bestallt war, vum Fournisseur awer net geliwwert gouf.

Mir soen hinnen Merci, an hoffen dat an nächster Zukunft fir d‘Kanner vun der Spillplaz an hier Elteren a Grousselteren eng Léisung fonnt gëtt.

Affaires à suivre!


E Wuert zu dem Workshop vum 1.10.2022 organiséiert vun der Gemeng fir den neien Amenagement vun der Gare ( Phase 3 vun der Jongmëtt) mat Biergerbedeelegung.

Schonn erëm eemol kruten d’Leit d’Informatioun, kuerzfristeg, des Kéier fir sech an d’ Workshopp’en anzeschreiwen, nämlech just 6 Deeg  iert den Delai ofgelaf as.

Ass dat eng gewollten Biergerbedeelegung?

Wat net offiziell an der Versammlung, weder vum 14. Juli, nach an der Introduktioun vum Workshop den 1. Oktober, gesot gouf, een awer muss wëssen fir zilgeriicht kennen ze plangen:

  1. Laut dem Architektebüro WW+, muss e Gebai aus städtebautechnesche Grënn op di Plaz kommen.

Ween bestëmmt di städtbautechnesch Grënn?

Ass dat di eenzeg Ursaach ?

Mir sinn net géint e Bistro mat enger Terrasse, mee mir mengen awer dat Gebai soll och eng Funktioun kréien déi nach am Duerf gebraucht gëtt.

Wéi ass et mat enger Plaz fir Jugendlecher ?

Wéi ass et mat engem Parkhaus fir Vëlo’en ?

  1. Ënnert di ganz Plaz ass en ënnerierdesche Parking virgesinn vun engem Stack (50 Plazen). Dat ass eng gutt Saach.
  1. D’Busarrêt’en sinn op der route de Luxembourg, an an der rue de la Gare virgesinn. (Just op der Versammlung den 14. Juli gouf gesot dass d’Busarrêt’en op d’route de Luxembourg, an d’rue de la Gare kommen.)

Dëst gouf de Bierger an de Workshoppen awer net matgedeelt.  Verschidde Gruppen hunn d’Busarrêt’en op der Plaz virgesinn,  wat deemno iwwerflësseg war well se net informéiert waren.



De 14. Juli war eng Informatiounsversammlung am Centre culturelle, organiséiert vun der Gemeng, fir den Réaménagement vun der Gare zu Jonglënster. D’Gemeng organiséiert Workshop’en mat Biergerbedeelegung fir zesummen di Plaz nei ze gestalten.

Wichteg!!! Schreift Iech sou séier wéi méiglech an fir matzemaachen.

Datum vun de Workshop’en: 1. oder 8. Oktober 2022

Op e-mail (Gemeng): communication@junglinster.lu


Bis elo hu mer nach keng schrëftlech Stellungnam vun der Gemeng kritt vun eiser Petitioun géint d’Parkhaus an der Loupescht.

Petitiounen Maison Relais an Museksschoul sin iwereecht.
Petitioun Parkhaus as och dem Schäfferot iwereecht gin.
De Schäfferot well de Projet Parkhaus intern am Gemegerot nach diskutéieren.
Mir hu Si gefrot fir eng ëffentlech Informatiounsversammlung zum Projet vum Parkhaus. Do sin si net bereit derzou.
Mir bleiwen weiderhin derhannert, zumools et kontradiktoresch Aussoen gin fir ween d’Parkhaus as.  

Mir sinn e Grupp Lënster Leit, déi sech Suerge maachen em d’Entwécklung vun eisem Duerf.

Projet’en Siten. Source: map.geoportail.lu

This image has an empty alt attribute; its file name is Goeportal_locations-687x1024.png

PROJET 1


E Parkhaus um aktuelle Parking vun der Spillschoul Loupescht


Bild edited: keng Beem

source: d’Parteibliedercher csv “op de punkt”

Bei der Jongmëtt ass et leider verpasst ginn e Konzept ze schafen wou een di al Beem hätt kinnten integréieren, respektiv en Duerfkär ze schafen, wou Duerfliewen ka stattfannen, wou Kanner mat den Elteren, Jugendlechen an eeler Leit sech kenne begéinen.  Amplaz hu mir eng zoubetonéiert Duerfkär kritt.

Di 2. verpasste Chance fir eng flott Plaz ze schafen war, wéi dat alt “Rischette” Haus ofgerappt gouf virun der Kierch.

Parking a Maison Relais, an, a ronderëm d’Loupescht, géing definitiv di lescht Chance e flotten Duerfkär ze schafen, begruewen! 

E Parking war virgesi, ënnerierdesch oder och net, an der Jongmëtt. Wat ass mat deem Projet geschitt? Ze deier? D’Loupescht as onbezuelbar fir eis! D’Jongmëtt wier di ideal  Plaz, eiser Meenung no, well en  zentral, op der Haaptstrooss géing leien, an een eng  direkt  Verbindung zum Commerce, Schoul, Museksschoul, Kultur, an zum  ëffentlechen Transport hätt.

D’Leit aus den Nopeschdierfer wieren mi einfach a méi séier am Zentrum .

E Parkhaus an der Loupescht, dat heescht:

– 114 Plazen op 3 Stäck,

– Zäitverloscht duerch Barrièren, Ticket bezuelen, erop fueren-erof fueren, vis-à-vis vun engem einfachen “Kiss and Go!” Parking bei der Schoul.  

– Keng Platz méi fir Duerffester, keng Méiglechkeeten méi fir e kulturellen an interkulturellen Treff!

– Vill Trafic op enger Plaz duerch Bussen, Autoen,  Kanner , Elteren, … dat riskéiert e risegen Duercherneen ze gin op enkem Raum.

En No Go fir d’Secherheet vun de Kanner!

Merci fir Aer Enerstetzung!

T.Bednarz & MC. Wagner